Agence de
communication

"Wou läit Piisseng?"

Viru 5 Joer ass eis éischt Spill "Wou läit Piisseng?" eraus komm an ët war schons no kuerzer Zäit ausverkaaft. Elo brénge mir de  Kaarte-Set vun dëser Editioun erëm eraus, kompatibel mat de Spillpläng vun eisen zwou leschten Editiounen "Hitten" a "Buddeler".De Kaarte-Set kritt Dir ab 6. Dezember op de bekannte Plazen.Ab 2. Dezember  kënnt Dir och all Dag  Kaarte-Setten op RTL Radio gewannen. Macht d'Oueren op !!!Virbestellungen mat Numm an Adress per Email: info@magic.lu

Creation is beyond imagination

Services

We Create

Gaming

« Jo, ech weess ! »
2019 koum d’Iddi op fir e Geo-Quiz-Gesellschaftsspill iwwer Lëtzebuerg an a Lëtzebuerger Sprooch erauszebrengen.
De Succès war enorm: bis elo sinn iwwer 30.000 Spiller verkaaf ginn an et gëtt weider un ähnleche Projeten geschafft. Mir proposéieren Iech d’Ausschaffe vun Äerem perséinleche Spill an Ärem Corporate Design.

Graphic Design

Ärer Fantasie si keng Grenze gesat!

Eis Grafik-Equipe ass do fir Iech.
Sief et fir d’Gestaltung vun engem Logo, engem kompletten Corporate Design oder fir de Layout an Drock vu Flyeren, Katalogen oder Affichen – a klengen an a groussen Oplagen.



Audio & Video

Wéi 2003 déi éischt Emissioun vum Fernsehkrimi-Quiz
„Kommissär Kniwwel“ op RTL gewise gouf, war d`Resonanz immens.
D’ganzt Land huet nom Mäerder gesicht… Aus der Erfahrung raus hu mir duerno ganz vill Opträg kritt fir audio-video-Produktiounen, vum einfache Clip bis zum grousse Live Event.

Advertising

Op klenge Betrieb oder grousse Konzern, jiddfereen brauch Werbung!
Dobäi ass et wichteg, en zouverlässege Partner ze hunn, deen Erfahrung an déi richteg Kontakter huet.
Mir huelen eis Zäit fir Äer Projeten, berooden Iech gäeren a stellen zesumme mat Iech e Budget zesummen.

« Jo, ech weess ! »

Gaming

Wou läit Piisseng??

160 Uertschaftskaarten
80 Quizfroen

Ab 10 Joer
€ 18.50.-
.

History

« Jo,ech weess ! »

Magicmultimedia gouf 1995 vum Guy Heintz gegrënnt a gouf virun allem duerch de grousse Succès vun de Gesellschaftsspiller aus der Serie „Kenns du Lëtzebuerg?“ bekannt. Mee do dernieft ass magicmultimedia och eng klassesch „Agence de communication", déi souwuel am Print- wéi och am audio visuelle Beräich aktiv ass a „sur mesure“ Léisungen fir all Budget offréiert.

1995 huet de Guy Heintz magicmultimedia als mediale Support fir de Reesbüro „Magic Tours“ an d’Liewe geruff. Dës Reesgesellschaft war am ganze Land bekannt als Spezialist fir Amerika-Reesen an magicmultimedia huet sech souwuehl ëm d’Reeskataloge wéi och ëm e sëlleche Werbeaktioune bekëmmert.

No den trageschen Evenementer vum 11.September 2001 an Amerika huet „Magic Tours“ missten d’Dieren zouspären an de Guy Heintz konnt sech dunn intensiv ëm d’Aktivitéite vu magicmultimedia bekëmmeren.

Zënter 2002 goufen eng Abberzuel vu kreative Projete realiséiert, z.B.e Kinospot fir d’Luxlait (mam Thierry van Werweke), d’Produktioun vun derKrimi-Quizsendung „Kommissär Kniwwel“ (5 Episoden op RTL), DVD-Produktiounen fir e. a. Fascination, ESIMSO, Regioun Mëllerdall, Zitha-Klinik, M.E.N., TV- a Radiospotte fir verschidde Clienten, Flyeren, Plakater, Katalogen, Broschüren, Annoncenan alle Formater an de Lëtzebuerger Dages- a Wochenzeitungen a souguer eng deeglech Rees-Sendung op RTL fir Demy Schandeler (demytv) wärend 6 Méint am Joer 2017.

2019 koum dunn d’Iddi op, fir e Geo-Quiz-Gesellschaftsspill iwwer Lëtzebuerg an a Lëtzebuerger Sprooch erauszebréngen. De Succès war enorm: bis elo sinn iwwer 30.000 Spiller verkaaft ginn.